Lëtz Run - De Laf a Triathlon Podcast fir Lëtzebuerg

De Laf a Triathlon Podcast fir Letzebuerg.

Lëtz Run - De Laf a Triathlon Podcast fir Lëtzebuerg

Latest episodes

ING Night Marathon – Méi erwaart, manner kritt?

ING Night Marathon – Méi erwaart, manner kritt?

37m 13s

Den ING Night Marathon zu Lëtzebuerg ass fir vill e Highlight am Joer – fir eis war et dëst Joer éischter eng Erausfuerderung.
Jil konnt net finishen, an Laura war mat der Organisatioun net zefridden. An dëser Episode schwätze mir éierlech iwwert eis Erfarung:
Wat huet net gepasst? Wéi hu mir eis gefillt? A virun allem – wat kéint een an Zukunft besser maachen?
Et geet ëm realistesch Kritik, emotional Momenter a Gedanken, déi ee sech just mécht, wann et net leeft wéi geplangt. Eng Episod fir all déi, déi och schonn enttäuscht vun engem Event heem gaange sinn –...

Vun Hamburg bis Venedeg – Eng emotional Rees

Vun Hamburg bis Venedeg – Eng emotional Rees

34m 20s

An dëser Episod huele mir iech mat op zwou ganz ënnerschiddlech, mee emotional gläich ustrengend Reesen: Jil war um Start vum Hamburg Marathon, während Laura an Venedeg um Ironman 70.3 um Start stoung.
Zwee Events, eng gemeinsam Erkenntnis: net alles leeft ëmmer no Plang.
Mir schwätzen iwwert mental Hürden, kierperlech Limiten, frustrant Momenter – mee och déi kleng Siegen ënnerwee.
Wat léiert een aus engem „Down“, a firwat bleiwe mir trotzdeem motivéiert? Lauschter eran a loosst iech vun eiser Éierlechkeet inspiréieren – well och dat gehéiert zum Sport.

Bens Training Strategy: De Schlëssel fir en staarke Comeback

Bens Training Strategy: De Schlëssel fir en staarke Comeback

41m 38s

Verletzungspausen mussen net d’Enn vun dengem Sport bedeiten! An dëser Episode schwätze mir mat engem Expert, deen eng innovativ Approche an der Reha entwéckelt huet. Den Ben hëlleft Teamsportler an Leefer, séier a staark zréckzekommen – net mat klassescher Physio, mee mat gezielten Trainingstrategien. 🏋️‍♂️💪

Mir tauchen an seng Method an, diskutéieren, firwat klassesch Therapie net ëmmer d’Léisung ass, a wéi säi personaliséierten Online-Coaching Athleten hëlleft, hir Bestform erëmzefannen. 🎯

CrossFit Wildfox Wooltz: Wou Kraaft a Gemeinschaft sech treffen

CrossFit Wildfox Wooltz: Wou Kraaft a Gemeinschaft sech treffen

38m 31s

An dëser Episod hu mir d’Coachen a Grënner vu CrossFit Wildfox zu Wiltz am Gespréich! Mir schwätzen iwwer CrossFit an HYROX.

💪 Wat erwaart dech an dëser Episod?
🔹 Wat ass CrossFit eigentlech a fir ween ass et gëeegent?
🔹 Wat ass HYROX?

Dësen Episode gëtt dir en exklusiven Abléck an eng vun de stäerkste Communitys am Fitnessberäich! Egal ob Ufänger oder fortgeschratt Athlet, hei kritt jidderee wertvoll Tipps an Inspiratioun. 🚀