Vun Hamburg bis Venedeg – Eng emotional Rees

Show notes

An dëser Episod huele mir iech mat op zwou ganz ënnerschiddlech, mee emotional gläich ustrengend Reesen: Jil war um Start vum Hamburg Marathon, während Laura an Venedeg um Ironman 70.3 um Start stoung.
Zwee Events, eng gemeinsam Erkenntnis: net alles leeft ëmmer no Plang.
Mir schwätzen iwwert mental Hürden, kierperlech Limiten, frustrant Momenter – mee och déi kleng Siegen ënnerwee.
Wat léiert een aus engem „Down“, a firwat bleiwe mir trotzdeem motivéiert? Lauschter eran a loosst iech vun eiser Éierlechkeet inspiréieren – well och dat gehéiert zum Sport.

New comment

Your name or nickname, will be shown publicly
At least 10 characters long
By submitting your comment you agree that the content of the field "Name or nickname" will be stored and shown publicly next to your comment. Using your real name is optional.